FC Lorentzweiler- FC Avenir Beggen 3-0
Mat engem verdéngten 3:0 Erfolleg doheem géint den FC Avenir Beggen konnt den FCL gëschter an der Tabell zwar keng Platz gutt man, huet awer den Ofstand op déi 12. Platz op ee Punkt verkierzt. Duerch déi 3 Punkten an déi aner Resultater leien tëscht dem 9ten (Gréiwemaacher) an dem 15ten (FCL) momentan just ganzer 2 Punkten. Nächsten Sonnden (05.05.2024) kënnt et zu FC Berdenia Berbourg zu engem ganz interessanten an schwéieren Duell géint d'Lokalequipe, déi an der Réckronn schonn ganzer 22 Punkten sammelen konnten. Merci eiser Jugendkommissioun fir den Balle de match vun gëschter an och villen Zuschauer, dei do waren Bei eisem FCL-Lotto goufen nom Match folgend Gewënner verspillt: 29. Punkt, Nummer 15: ee Bong fir eng Coupe vun eisem Sponsor CARLA Coiffure mat enger FCL-Taass (Merci)Gratulatioun dem Jay Harpes 30. Punkt, Nummer 89: 2 Wellness-Bongen vun engem Dag am «Domaine Thermale Mondorf»Gratulatioun dem Sandra Dümeland 31. Punkt, Nummer 36: eng Corbeille mat italieneschen Produite'en am Wert vun 50€Gratulatioun dem Sandy Lux Flott Fotoen vum Match gëschter fannt dir ënnert folgendem Link (Merci Sportspics VP):LINK