FC Lorentzweiler - Mamer 1-1


15 April 2024

Fir de Kont vum 24. Spilldag huet den FCL gëschter Mëtten mat de Gäscht vun FC Mamer 32 d'Punkten gedeelt 1-1 (0-1).
 
An der 76. Spillminutt konnt eis Equipe duerch een Handelefmeter vum Khalid ABI den heichverdengten 1-1 schéissen an bleiwt domat seit 3 Matcher ongeschloen.
 
Domat bléiwt eisen FCL op der 13. Plaatz stoen, mat weiderhin engem Punkt Réckstand op den 12ten Weiler.
 
Nächsten Sonnden (21.04.2024) kënnt et um 16h00 auswärts zum direkten Duell géint FC Yellow Boys Weiler
 
De Match gouf iech präsentéiert vum Café An der Soup an der Bigelbach (Reisdorf).
Merci dem Allain DASTHY fir den Balle de match vun gëschter.
 
Bei eisem FCL-Lotto goufen déi lescht 4 Auswärtspunkten (zu Ettelbréck an Rëmeleng) an de Punkt vun gëschter un folgend Gewënner verspillt:
 
- 24. Punkt, Nummer 62: eng Corbeille mat italieneschen Produite'en am Wert vun 50€
Gratulatioun dem David DA COSTA
- 25. Punkt, Nummer 22: ee Bong fir eng Coupe vun eisem Sponsor CARLA Coiffure mat enger FCL-Taass (Merci)
Gratulatioun dem Nicole MENSTER
- 26. Punkt, Nummer 45: ee Bong vun 50 EUR offréiert vun Concept & Partners (Merci)
Gratulatioun dem Denise FEDERSPIEL
- 27. Punkt, Nummer 45: ee Meter Beier mat engem FCL-Schaal
Gratulatioun dem Denise FEDERSPIEL
- 28. Punkt, Nummer 17: ee Bong vun 50 EUR offréiert vun City Sports (Merci)
Gratulatioun dem Noé FEDERSPIEL