Challenge Jos Theis 2024
Donneschdeg de 9. Mee, zwee Feierdeeg op engem Dag an dir hutt nach näischt geplangt? Dann kommt op Luerenzweiler op den Terrain. Wéi all Joers hu mir eist grousst Jugendturnéier. Et geet um 9 Auer Moies lass a leeft bis Owes 5. Nieft guddem Fussball vun de Kategorië Bambins, Pupilles, Poussins a Minimes ass natierlech och fir Iessen a Gedrénks gesuergt. Eng Tombola gëtt och nees. Dir wëllt ëmmer Up to Date si mam Turnéier Oflaf? Kee Problem, dir fannt alles op eisem Internetsite: https://www.fclorentzweiler.lu/challenge-jos-theis-274887v4 Bis Geschwënn Ären FCL