Barrage - Promotion D'Honneur - Division 1

28th May 2024

club logo

FC Lorentzweiler

🧡 Barrage - Promotion D'Honneur - Division 1 💙

 
❓️ FC Lorentzweiler 🆚️ FC Luxembourg City 
🌍 Menster
⏰ 19h30
️📅 Donneschdeg, 30. Mee
 
Et ass esou weit! Dësen 🕢 Donneschdeg um 19.30 Auer 🕢 steet eis Equipe géint den FC Luxembourg City an engem entscheedenden Match fir d'Saison 2024/2025. 
 
Mir brauchen Iech méi wéi jee op de Tribüne fir eise Spiller ze ënnerstëtze fir dran ze bleiwen. 👏🏻
 
Rendez-vous um 🌍Terrain zu Menster🌍 (Google Maps) fir dësen aussergewéinlech Match zesummen ze erliewen!
 
Fir dës Occasioun stelle mir e Bus 🚍 zur Verfügung fir den Transport op de Match (Hin an zréck)
 
Plazen am Bus kennen ‼️exklusiv‼️ iwwert dëse Link reservéiert ginn:
 
👉🏻 Google Forms
 
🕠 Rendez-vous (fir Dohinner): 17.30 Auer um Terrain zu Luerenzweiler
🕚 Retour: 23:00 Auer zu Menster
🕦 Arrivée: Spéitstens 23.30 Auer um Terrain zu Luerenzweiler
 
🧡De Bustransport gëtt vum Comité💙 u Membere vum FCL, Eltere vun de jonke Spiller souwéi all FCL Supporter, déi d'Equipe déi lescht Méint ënnerstëtzt hunn offréiert.
 
D'Entrée an de Stadion ass gratis fir Kanner ënner 16 Joer. Erwuessener bezuelen 💰10€ fir d'Entrée💰.
 
Maacht mat fir eng enorm Atmosphär ze kreéieren an eiser Equipe ze weisen datt si op hir Supporter ziele kënnen. 😀😀😀
 
All Stëmm zielt, all Lidd resonéiert, all Encouragement mécht dësen Donneschdeg den Ënnerscheed.
 
Loosst eis zesummen dës Victoire siche goen. 💪🏻
 
Gitt dëse Message un all Supportere vun eisem Veräi weider.

image