Den FC Lorentzweiler (“FC Luerentzwëller”) ass 1945 gegrënnt ginn. Den Terrain ass 1946 offiziell ageweit ginn an den Club huet sech déi éischten Kéier fir d’Saison 1946/1947 am Championnat ugemellt (3. Divisioun).
An der Saison 1948/1949 ass den éischten Opstieg an déi 2. Divisioun gelongen.
An deenen nächsten ronn 40 Joer (!) huet d’éischt Equipe vun Luerentzwëller entweder an der 2. oder an der 3. Divisioun verbruecht. Während der Zäit ass den Veräin nämlech sechsmol of- an och nees sechsmol opgestiegen.
1995 huet den Veräin seng 50 Joer gefeiert. Dësen “Cinquantenaire” ass grouss gefeiert ginn, mat Tournoien fir déi Grouss an déi Kleng, mat engem Gala-Mätch an och nach e puer aner Festivitéiten. Den Club krut 1998 och endlech een neien Terrain, an huet säitdem zwee Terrainen zur Verfügung.
An der Saison 1999/2000 huet den Club et dann déi éischten Kéier gepackt, fir an senger Geschicht an 1. Divisioun ze steigen. Leider war dat just fir eng Saison...
Mee an der Saison 2001/2002 konnt deen zweeten Opstieg an 1. Divisioun gefeiert gin.
Duerno ass nach een Ofstieg an een Opstieg komm, sou datt eis éischt Équipe am Moment (an dat säit fënnef Joer) an der 1. Divisioun spillt.
2015 huet den Veräin seng 70 Joergefeiert an während der Saison 2015/2016 konnt den Veräin déi éischten Kéier eng Finale (Coupe FLF) spillen. Leider ass deen Match géint den Noper vun Steesel onglécklech mat 3-2 verluer gaangen.
Wann een esou den Résumé vun 76 Joer FCL mëscht, muss een feststellen, datt et Héichten an Déiften ginn sinn, mee am Groussen-Ganzen ass et eng positiv Entwécklung, déi den Veräin mat gemaach huet an mir sinn iwwerzeegt datt an dësen “Historique” nach vill positiv Zeilen béikommen, hoffentlech schonn dës Saison 2021/2022, déi schon gutt ugefaangen huet matt Inauguratioun vun eisem neien syntheteschen Terrain an matt der Biller-Austellung "FCl 75 Ans + 1".