SENIORS I - Traineren Saison 2018/2019


15 March 2018

Den Comité vum FC LORENTZWEILER deelt heimatter mat, dass den Christophe Diederich an den Jérôme Bigard no der aktueller Saison aus beruflechen Grënn net méi als Trainer vun den Seniors I wäerten weider maachen.


Mir soen hinnen elo schonn Merci fir hiert Engagement an hoffen, zesummen mat hinnen, eis Zieler an dëser Saison (Championnat an Coupe FLF) ze erreechen.


Soubal de Comité een neien Trainer fir d’Saison 2018/2019 fonnt huet, wäerten mir dat op dëser Platz bekannt ginn.