SAMEDI 03.02.2018: 1ier Tournoi VETERANS (Futsal)


30 January 2018

Dësen Weekend organiséiert den FC LORENTZWEILER fir Vétéranen säin 1. offiziellen Haalentournoi zu Lorentzweiler an der neier Haal (rue J-P Glesener, L-7358 Lorentzweiler).

Insgesamt sinn 6 Equipen fir e Samsden (03.02.2018) ugemellt; folgend Veräiner wäerten alleguer géinteneen untrieden:

  • FC KOPSTAL 33

  • RED STAR MERL

  • BLO-WÄISS ITZIG

  • BLO-WÄISS MEDERNACH

  • F.C. LUXAIR

  • FC LORENTZWEILER

Lass geet et e Samsden de Mëtten um 13h30, ier géint 17h00 den leschten Match ugepaff gëtt.

Mir hoffen een fairen an schéinen Tournoi ze erliewen.

Fir genuch Iessen an Gedrénks ass natierlech während an nom ganzen Tournoi gesuergt.

Den genee’en Programm fannt dir hei am Anhang.

Org.: Vétérans FC LORENTZWEILER


tournoi_veterans.pdf