Ouschter Week-end


16 April 2022

Traditionnel ass den Ouschter-Week-end nawell relativ vill lass bei eisem FCL.
 
Gëschter haten mir eist Fësch-Fest, wat och dëst Joer nees een groussen Succès war.
Een groussen Merci geet nach eemol un all d‘Leit, déi gëschter bei eis am Centre Culturel waren resp. déi bei eis een Fësch bestallt hunn an virunn allem natiirlech un déi vill Fräiwëlleg, déi eis gëschter esou gutt gehollef hunn!
 
Haut steet dann nees deen sportlechen Deel um Programme wann eis éischt Ekipp um 18h00 zu Useldéng wäert spillen!
Dësen Mätch zwëschend dem Zweeten an dem Drëtten wäert ganz wichteg fir den Opstieg ginn, duerfir kommt alleguer eis Ekipp ënnerstëtzen!
 
D‘Stëmmung wäert zimlech sécher super sinn!