MULLEFEST 22/23.09.2018 & BROCHURE FCL


10 September 2018

Léiw Frënn, Bekannten an Sympathisanten vum F.C. LORENTZWEILER,

Samschdes, den 22ten September 2018 an Sonndes, den 23ten September 2018 organiséieren mir nees eisen traditionellen Weekend mat Mullen an Lëtzebuerger Kascht.

 

Mir bidden un:

  • Apéro Samschdes ab 19h00 an Sonndes ab 11h00

  • Mullen au Riesling mat Fritten

  • Mullen à la Crème mat Fritten

  • Judd mat Gaardebounen a gegréifte Gromperen

  • Ham, Fritten an Zalot

  • Kannermenu (2 Grillwurschten mat Fritten)

  • Kaffi, Taart an Kuch

  • Flott Tombola déi zwee Deeg


    Sollt Dir een oder souguer déi zwee Deeg Loscht an Zäit hunn, dann wieren mir frou wann Dir géift bei eis an den Centre Culturel op Hielem laanscht kommen.

    Mir garantéieren wéi all Joers ee gudden Maufel an e sëffegen Patt.

     

    Umeldungen w.e.g. bis Donneschdes den 20ten September 2018 beim Arno MERSCH um Telefon 33 00 13 oder 621 721 144 respektiv per Mail ënnert fclorent@pt.lu.

     

    Mir wären frou Iech de Weekend vum 22ten/23ten September 2018 ze gesinn.

     

    Donierwt huet den FC LORENTZWEILER och fir dës Saison rem eng nei Brochure rausbruecht, déi an deenen nexten Deeg am ganzen Duerf ausgedeelt gin.

     

    De Comité vum FCL


791946ce3c8f04f594a1b338f9113726de4e_.pdf