MATCH DE GALA


27 July 2022

Mir wollten jo eijentlëch schon 2020 grouss eisen 75ten Anniversaire feieren.
 
Leider huet eis d‘Pandemie awer een Stréch duerch d‘Rechnung gemaach an mir hunn fir 2020 alles missten ofsoen.
 
Och 2021 war den Virus nach present sou datt mir just am September konnten eisen Vernissage bei der Geméng organiséieren matt flotten Fotoen iwwert d‘Geschicht vum FCL.
 
Elo kënnen mir awer endlech och nees den Sport an den Mëttelpunkt setzen an dat maachen mir dësen Sonndeg (31.07.2022) matt zwee Gala-Mätcher : 
 
- Um 14h30 spillen eis Seniors II géint eisen Noper vun Walfer.
 
- Um 17h00 spillen eis Seniors I géint eisen Noper vun Lëntgen.
 
Verpasst also keen vun deenen zwee spannenden Derby‘en an kommt den Sonndeg bei Top-Wierder op eisen Site fir flotten Futtball ze gesinn an Iech bei der Buvette an beim Grill matt gudden Saachen anzedecken…
 
Een groussen Merci geet un eis Sponsoren vun den Ballons de match an zwar dem Marguy Kirsch-Hirtt an eisem Supporterclub FCL!
 
Bis (spéitstens) den Sonndeg dann!