JUGENDEQUIPEN FCL - SAISON 2018/2019


06 July 2018

Den F.C. LORENTZWEILER ass frou, Iech matzedeelen datt seng Jugend-Spiller an der Saison 2018-2019 mat folgenden Equipe um Championnat deelhuelen:

  • 1 Equipe an der Kategorie vun den Bambinis
  • 2 Equipen an der Kategorie vun den Pupilles
  • 2 Equipen an der Kategorie vun den Poussins, an der Entente mat eisen Noperen vun Steesel
  • 2 Equipen an der Kategorie vun den Minimes, an der Entente mat eisen Noperen vun Steesel
  • 1 Equipe an der Kategorie vun den Scolaires, an der Entente mat eisen Noperen vun Steesel
  • 2 Equipen an der Kategorie vun den Cadets, an der Entente mat eisen Noperen vun Steesel an vun Walfer
  • 1 Equipe an der Kategorie vun den Juniors, an der Entente mat eisen Noperen vun Steesel an vun Walfer

D’Entente zweschend Lorentzweiler, Steesel an Walfer wäert ënnert dem Numm “Entente Uelzechtdall” lafen.

Déi eenzel Detailer wéi d’Nimm vun den Traineren, d’Trainingszäiten an den Trainingsufank wäerten mir Iech am Laf vun deenen nächsten Wochen matdeelen.

Mir wënschen elo schon alleguer eisen jonken Spiller vill Spaass an vill Succès fir d’Saison 2018-2019!