Invitatioun Mullefest FCL 24. & 25. September 2016

Mullefest FCL 24. & 25. September 2016 Foto vun Jeff Bonn



14 September 2016

Léiw Frënn, Bekannten an Sympathisanten vum F.C. LORENTZWEILER,



Samschdes, den 24ten September 2016 an Sonndes, den 25ten September 2016 organiséieren mir nees eisen traditionellen Weekend mat Mullen an Lëtzebuerger Kascht.



Mir bidden un:



• Apéro Samschdes ab 19h00 an Sonndes ab 11h30

• Mullen au Riesling mat Fritten

• Mullen à la Crème mat Fritten

• Judd mat Gaardebounen a gegréifte Gromperen

• Ham, Fritten an Zalot

• Kannermenu (2 Grillwurschten mat Fritten)

• Kaffi an Taart

• Flott Tombola déi zwee Deeg



Sollt Dir een oder souguer déi zwee Deeg Loscht an Zäit hunn, dann wieren mir frou wann Dir géift bei eis an den Centre Culturel op Hielem laanscht kommen.



Mir garantéieren wéi all Joers ee gudden Maufel an e sëffegen Patt.



Umeldungen w.e.g. bis Freides den 23ten September 2016 beim Arno MERSCH um Telefon 33 00 13 oder 621 721 144 respektiv per Mail ënnert fclorent@pt.lu.



Mir wären frou Iech de Weekend vum 24ten/25ten September 2016 ze gesinn.



Fir den sportlechen Weekend ofzeschleissen, spillt eis 1. Equipe dann nach Sonndes Owes um 18h00 zu Lëntgen.



Matt deenen beschten Gréiss am viraus an hoffentlech bis geschwënn.



De Comité vum FCL

mullefest 2016 Affiche A3.pdf