Ierpeldéng-Luerenzweiler 1-9


13 October 2022

Gëschter Owend huet eis éischt Ekipp an der Coupe FLF no enger ganz staarker Leeschtung matt 9-1 zu Ierpeldéng gewonn!
 
An dësen Sonndeg (16.10.2022) geet ët um 15h00 am Championnat nees géint deen selwechten Géigner an dat nees zu Ierpeldéng.
 
Deen Mätch wäert, trotz deem Resultat vun gëschter, bestëmmt net einfach ginn, duerfir kommt den Sonndeg alleguer eis Ekipp op Ierpeldéng ënnerstëtzen!
 
Eis Seniors II spillen dësen Freideg (14.10.2022) doheem um 20h00 géint Housen. Och sie brauchen Äer Ënnerstëtzung fir déi zweet Victoire noeneen ze packen.