Fête de la Choucroute

Fête Foto vun Jeff



17 January 2018

Léiw Frënn, Bekannten an Sympathisanten vum F.C. LORENTZWEILER,

 

Sonndes, den 28ten Januar 2018 organiséieren mir eis neit Fest “Fête de la Choucroute”.

 

Mir bidden un:

  • Apéro ab 11h30 

  • Eng selwer gemaachten Zopp virun all Menu

  • Choucroute Garnie (Viandes) 

  • Choucroute de la Mer (Poissons) - NEW 

  • Kannermenu (2 Grillwurschten matt Fritten) 

  • Kaffi, Taart an Kuch

  • Flott Tombola

Sollt Dir deen Daag Loscht an Zäit hunn, dann wieren mir frou wann Dir géift bei eis an den Centre Culturel op Hielem laanscht kommen.

 

Mir garantéieren wéi all Joers ee gudden Maufel an e sëffegen Patt.

 

Umeldungen w.e.g. bis Freides den 26ten Januar 2018 beim Arno MERSCH um Telefon 33 00 13 oder 621 721 144 respektiv per Mail ënnert fclorent@pt.lu.

 

Donierwt wollten mir iech och schon op eis Après-Ski Party den 24. Februar 2018 hinweisen.

*** Après-Ski Party mam HOFFI-ZAMBEZI an Axel FISCHER ***

 

Nom Erfollëg vun deenen 2 leschten Joer mat enger super Ambiance, organiséiert den FC Lorentzweiler Samsdes, den 24. Februar 2018 nees eng néi Edition vun senger Après-Ski Party am Centre Culturel zu Hielem/Lorentzweiler!

 
Daat ganzt fänkt um 21h00 mat enger Happy Hour bis 22h00 un, an geet bis 3h00 moies!

 

Fir dei perfekt Après-Ski Stëmmung suergt dëst Joer den Hoffi-Zambezi.


Special Guest ass wei lëscht Joer nees den Axel Fischer, dem sein Lidd ‘Traum von Amsterdam’ jiddferengem bekannt misst sin. 

 

Ticketen krit dir wei gewinnt bei den Comités-Memberen, den Spiller vum FC Lorentzweiler, oder per Facebook-Message (Numm, Unzuel vun Ticketen an Handysnummer ungin w.e.g.) iwwert d'Säit vum FC Lorentzweiler.

https://www.facebook.com/events/448656622203237??ti=ia

 

Virverkaaf 5 € (mat Tombola)

Oweskees 10 €

 

Mir freeën eis iwwert ären Besuch ;-)

 

Org.: FC Lorentzweiler