Festivitéiten 75 Joer FC LORENTZWEILER - CANCELLED


22 April 2020

Leiw Memberen an Sympathisanten vum FC LORENTZWEILER,

Wéi Dir jo alleguer wësst feiert den FC Lorentzweiler 2020 säin 75ten Anniversaire.

An deem Kader haten mir eng ganz Partie Manifestatiounen geplangt (Séance académique, Gala-Match zwëschend dem Progrès Niedercorn an der Fola vun Esch, divers Matcher vun eisen Jugend-Equippen, eisen Veteranen, Seniors II an den "ancien Vedetten" aus dem Veräin, Tournoi vun den Seniors I,...).

Leider ass eis alleguer awer den Corona-Virus dazwëschend komm an opgrond vun den (richtegen) Mesuren, déi eis Regierung den Mëttwoch annoncéiert huet, sinn mir als Veräin gezwongen, alleguer dës Manifestatiounen fir dëst Joer leider ofzesoen.

Mä, alleguer dës Manifestatiounen wäerten awer dat nächst Joer nogeholl gi! Dann feieren mir eben net dëst Joer zesummen 75 Joer mä 2021 "75+1"! An mir hoffen an sinn iwwerzeegt, datt Dir do och alleguer wäert dobäi sinn!


Och eis Brochure wäert selbstverständlech erauskommen, just eben och e puer Méint méi spéit...


Mir als Veräin bleiwen awer weiderhin motivéiert an wënschen jidderengem an gutt Gesondheet!

Mat sportlechen Gréiss,

Comité d´organisation vum FC LORENTZWEILER