FËSCHFEST KARFREIDEG & COUPE FLF OUSCHTERSAMSDEN


12 April 2017

... The same procedure as every year! ... heescht et dësen Weekend am duebelen Sënn:



1) Dësen Freideg mëcht den F.C. LORENTZWEILER erëm wei all Joer seng traditionell Gebake Fësch am Centre Culturel zu Hielem.



Den gebakene Fësch kënt Dir e Freiden vun 09h00 bis 10h00 an Haus geliwwert kreien respektiv vun 09h00 bis 11h30 bei den Centre Culturel perséinlech sichen kommen.



Oder awer Dir kommt Ären Fësch direkt bei eis an den Centre Culturel Iessen, mat Fritten an engem gudde Patt, an zwar vun 12h00 bis 14h00.



D’Commanden huelen mir dësen Donneschden nach bis 19h00 per Tel.: 33 12 53 oder per Mail (fclorent@pt.lu) un.



2) E Samsdig um 18h00 kent et dann (tradionnell) an der Coupe FLF och dëst Joer rem zum Duell tëscht Alisontia Steesel an dem FC LORENTZWEILER, dëst am Kader vun der 1/8 Final.



Den 03.06.2016 koum et schon an der Final vun der Coupe FLF tëscht dësen 2 Equipen, wou Steesel sech konnt an leschter Minutt mat 2-3 zu Kaërch duerchsetzen.



De Match e Samsden get um 18h00 zu Steesel ugepaff.



Mir wënschen jidferengem schéin Ouschteren.