FËSCH-FEST 2.0


04 September 2021

Sonndes, den 19. September 2021 organiséiert den FC Lorentzweiler op en Neits een Fëschverkaaf virum Centre Culturel zu Hielem.

Dir kënnt äeren gebaakenen Fësch (mat oder ouni Beilag) tëscht 10h00 - 13h00 sichen kommen oder dir kritt äer Bestellung bequem heem geliwwert, wann dir an der Gemeng Lorentzweiler wunnt.

Maacht äer Commande w.e.g. bis spéitsens den 12. September per Telefon/SMS (621 721 144) oder Mail (fclorent@pt.lu).

Merci am viraus fir äer Ënnerstëtzung.