FCL goes Eldoradio - Après-Ski Party

Après-Ski Party Foto vun Jo



21 February 2018

*** Après-Ski Party mam HOFFI-ZAMBEZI an Axel FISCHER ***

=> FCL goes Eldoradio

!!! An 3 Deeg ass et rem souweit !!!

E Samsden organiséiert den FC LORENTZWEILER nees eng néi Edition vun senger Après-Ski Party am Centre Culturel zu Hielem/Lorentzweiler!

Daat ganzt fänkt um 21h00 mat enger Happy Hour bis 22h00 un, an geet bis 3h00 moies!  

Fir dei perfekt Après-Ski Stëmmung suergt dëst Joer den Hoffi-Zambezi.

Special Guest ass wei lëscht Joer nees den Axel Fischer, dem sein Lidd ‘Traum von Amsterdam’ jiddferengem bekannt misst sin. 

Ticketen krit dir nach bei den Comités-Memberen, den Spiller vum FC Lorentzweiler, oder per Facebook-Message (Numm, Unzuel vun Ticketen an Handysnummer ungin w.e.g.) iwwert d'Säit vum FC Lorentzweiler.

https://www.facebook.com/events/448656622203237??ti=ia

Virverkaaf 5 € (mat Tombola)

Oweskees 10 €

Fir de Leit daat Event nach mei no ze brengen leeft muer an iwwermuer regelméisseg een Spot um ELDORADIO, den dir och hei schon lauschteren kënnt.

Donierwt ass muer nowend tëscht 20h45-21h30 an der Event Navigator Show vun ELDORADIO (mam Wulli) een Interview live am Studio geplangt, wou Vertrieder vum FCL iech nach mei Detailer zu der Après-Ski waërten ginn...

Org.: FC Lorentzweiler


apres ski party fc lorentzweiler.mp3