FCL-FËSCHFEST op Karfreideg, den 30. März 2018


21 March 2018

Léiw Frënn, Bekannten an Sympathisanten vum F.C. LORENTZWEILER,

 

Karfreideg, den 30. Mäerz 2018 mëcht den F.C. LORENTZWEILER erëm seng traditionell Gebake Fësch beim Centre Culturel zu Hielem.

 

Mir liwweren Iech den gebakene Fësch heem an d’ausddddvun d’Haus vun 09h00 bis 10h00.

 

Dir kennt Ären Fësch awer och vun 09h00 bis 11h00 bei eis an den Centre Culturel perséinlech sichen kommen.

 

Oder awer Dir kommt Ären Fësch direkt bei eis an den Centre Culturel Iessen, mat Fritten an engem gudde Patt, an zwar vun 12h00 bis 14h00.

 

D’Commanden huelen mir um Telefon 33 00 13 (Arno Mersch) ab Méindes, den 26. Mäerz 2018 un oder awer dir rufft Donneschdes, den 29. Mäerz 2018 vun 15h00 bis 19h00 um 33 12 53 (Terrain) un.

 

Dir kennt awer zu all Moment Är Commande och iwwert d’Mail-Adresse fclorent@pt.lu ofginn.

 

Mat deenen beschten Gréiss am viraus an hoffentlech bis Karfréideg.

 

Org.: de Comité vum FCL