
FC US HOSTERT - FC LORENTZWEILER 3-1
Gëschter gouf et zu Football Club Union Sportive Hostert A.s.b.l. um 3. Spilldag trotz zwëschenzäitlecher Féierung dei éischt Néierlag fir dës Saison.
Den Khalid haat no 32 Minuten mat engem schéinen Wäitschoss vun 30 Meter den 0-1 markéiert, éier Hueschtert kuerz virun der Paus mat engem flotten Fräisstouss konnt ausgläichen (1-1).
An der 2. Halschent war den Ofstéiger aus der BGL-Ligue dei besser Equipe an gewënnt duerch 2 Goaler an 62. an 81. Minutt um Enn verdéngt mat 3-1.
Nächsten Sonnden (10.09.2023, 16h00) get fir eisen FCL mat engem Derby doheem geint FC Résidence Walfer 1908 weider.
Eis 2. Equipe huet e Freiden beim 1. Match an der 1. Klass mat engem 3-3 (2-0) Remis geint FC UNA Strassen den 1. Punkt erkämpft