
FC Lorentzweiler- FC Résidence Walfer 2-2
Haut de Mëtten huet eis Equipe um 4. Spilldag virun iwwer 260 Zuschauer ee Punkt beim 2-2 (1-1) geint den Tabellenleader FC Résidence Walfer 1908 geholl.
Den Khalid haat kuerz virun der Paus den Ausgläich markéiert, ier den Alessandro an der 64. Minutt den 2-1 geschoss huet.
Kuerz drop huet Walfer awer den 2-2 geschoss, soudass et mat net genuch Réussite fir eis Equipe just zu engem Remis duergaang ass.
Nächsten Sonnden (17.09.2023) get et weinst eisem Mullefest réicht owes um 18h00 weider mat engem Auswärtsmatch zu Sporting Club Bettembourg
Merci dem Felix Detail fir den Balle de match vun haut.
Bei eisem FCL-Lotto gouf nom Match de 7. Punkt un folgenden Gewënner ausgespillt:
7. Punkt, Nummer 41:
2 gratis Menüer op eiser Fête des moules den 16./17. September 2023 am Centre Culturel (hei kënnt dir iech bis e Mëttwoch nach umellen: https://docs.google.com/forms/d/e 1FAIpQLSeuG4mr60JHCfQi_Dn1dgLxwtB38LbJ35VPXr73MM5whhphnQ/viewform)
Gratulatioun dem Jean-marie Neyen