COUPE FLF 1/2 FINALE


10 May 2022

Déi chargéiert Wochen beim FC Lorentzweiler ginn weider!
 
No der 3-1-Victoire vun eisen Seniors I am Championnat géint Ierpeldéng den Sonndeg an no deem wonnerbaren Jugend-Tournoi vun gëschter Méindeg, steet muer den Owend (11.05.2022) schonn deen nächsten Highlight virunn der Dier wann eis Ekipp um 20h00 d‘Hallef-Finall vun der Coupe FLF géint Schieren spillt!
 
Bekanntlëch ass Schieren Éischten am Championnat, duerfir kommt muer alleguer eis Ekipp ënnerstëtzen!
 
Mir brauchen all Support an et spillt een jo och net all Dag fir den Anzug an eng Finall!
 
Een groussen Merci geet un den Marc Detail deen den Ballon de match sponsort!