CHAMPIONNAT, SENIORS DIVISION 1


22 February 2023

Dësen Sonndeg (26.02.2023) huet den FC Lorentzweiler nees een wonnerbaren, gutt gefëllten Programm
 
Moies, ab 09h00, spillen eis Pupilles an der Hal zu Roodt/Syre matt 5 anneren Ekippen ëm den Lalux-Indoor-Championnat!
 
Mir all drëcken eisen Jongen ganz fest d‘Daumen fir datt sie Indoor-Champion ginn!
 
Kommt am Beschten selwer an d‘Hal fir eis Jongen matt hierem Trainer-Team unzefeieren!
 
Mëttes, ab 16h00, spillen eis Seniors I doheem géint d‘Alliance Äischdall an sie wäerten probéieren, och deen 18ten Mätch vun 18 ze gewannen!
 
Kommt och do alleguer eis Jongen ënnerstëtzen!
 
Een groussen Merci geet un den Frazer Alexander, deen den Ballon de match sponsort!
 
Och eis Seniors II starten an d‘Rëckronn, an zwar den Dënschdeg um 20h00 zu Ettelbrëck!