CHAMPIONNAT, SENIORS DIVISION 1


20 October 2022

24 Punkten aus 8 Mätcher matt engem Goal-Verhältnis vun +31
 
Dat sinn Zuelen, déi den perfekten Start vun eiser éischter Ekipp weisen an fir déi ganz staark Leeschtungen vun eisen Jongen schwätzen!
 
An eng staark Leeschtung brauch eis Ekipp och dësen Sonndeg (23.10.2022) wann ët um 15h00 doheem géint Dikrech geet!
 
Duerfir kommt alleguer eis Ekipp och nees dësen Sonndeg ënnerstëtzen!
 
Een groussen Merci geet un den Jos Roller, deen den Ballon de match sponsort!
 
Och eis zweet Ekipp ass dësen WE am Asaatz an zwar schon muer den Owend (21.10.2022) um 20h00 zu Mäertzëg! 
 
Dësen WE gëtt beim FCL awer net nëmmen Futball gespillt.
 
Den Samschden Owend (22.10.2022) organiséiert eis Jugend-Kommissioun ab 18h00 am Centre Culturel hieren Kéis-Owend an den Sonndeg (23.10.2022) ass den Comité vum FCL nees beim lokalen Maart bei der Gemeng dabäi an zwar ab 11h00.
 
Den WE ass also gutt gefëllt an mir freen eis, Iech op deenen verschiddenen Platzen ze gesinn!