CHAMPIONNAT, SENIORS DIVISION 1


23 September 2022

No engem perfekten Start matt 15 Punkten aus 5 Mätcher kënnt et dësem Weekend zu engem absoluten Spëtzen-Mätch!
 
Ët geet nämlech op Useldéng, wat definitiv een vun den Haaptkonkurrenten fir den Opstieg wäert sinn, genau wéi och schon déi lescht Saison.
 
‼️ Awer opgepasst : Wéinst dem Lännermätch vum Sonndeg ass dësen Mätch schon muer den Owend Samschdeg (24.09.2022) um 18h00 zu Useldéng ‼️
 
Kommt w.e.g. muer alleguer eis Ekipp ënnerstëtzen fir datt eis perfekt Serie och zu Useldéng weider geet!
 
Och eis Seniors II spillen dësen Week-end Championnat an zwar schon haut den Owend (23.09.2022) um 20h00 zu Bastenduerf.