CHAMPIONNAT, SENIORS DIVISION 1


19 May 2022

Dësen Week-end ass am Seniors-Beräich den leschten Spilldag vun der Saison an fir béid vun eisen Ekippen geet ët ëm richteg vill.
 
Dësen Freideg (20.05.2022) spillt eis zweet Ekipp um 20h00 zu Grevenmacher an matt enger Victoire géiw eis Ekipp an déi zweet Classe opsteigen an dat wier déi éischten Kéier an der Geschicht vum Veräin!
 
Den Sonndeg (22.05.2022) spillt eis éischt Ekipp um 16h00 zu Iechternach an och do ass eng Victoire immens wichteg well matt dräi Punkten fir eis Ekipp an matt deem richtegen Resultat am Mätch zwëschend Schieren an Useldéng (Allez Schieren!) géiw eis Ekipp an den Barrage fir an d‘Éiren-Promotioun kommen, eppes wat eisen Veräin och eréischt eemol erliewt huet!
 
Dir gesidd, et sinn zwee immens wichteg Mätcher fir eis Ekippen an eisen Veräin, duerfir kommt w.e.g. zu ganz villen Leit déi zwee Mätcher kucken an eis Jongen ënnerstëtzen!
 
Sie hunn dat verdëngt!
 
Fir op Iechternach ass och een Bus organiséiert. Fir Détailler kënnt dir Iech beim Veräin mellen, et sinn nach e puer Plaatzen fräi!