CHAMPIONNAT SENIORS DIVISION 1


13 May 2022

No der Coupe FLF heescht et elo déi ganz Konzentratioun op den Schluss vum Championnat ze leen!

 

Et bleiwen nach 180 Minuten ze spillen. Oder awer vläicht och 270 Minuten?!

 

Dësen Sonndeg (15.05.2022) spillen eis Jongen zu Wäiswampach um 16h00 géint den Norden 02.

 

An och wann den Wee wäit ass, kommt awer alleguer eis Ekipp ënnerstëtzen!

 

Et huet een jo net all Saison d‘Chance fir ëm d‘Montée an PH ze spillen.