CHAMPIONNAT, SENIORS DIVISION 1


22 April 2022

Am Championnat sinn bis elo 25 Mätcher gespillt, dat heescht, et bleiwen nach 5 Mätcher ze spillen an 15 Punkten ze huelen.
 
Fir eis Ekipp sinn dat 5 Finalen an deenen et drëms geet, esou vill Punkten wéi méiglech ze huelen en vue vunn engem méiglechen Opstieg an d‘Éirepromotioun!
 
Fir dat Ziel ze packen, brauch eis Ekipp an den ganzen Veräin Äer Ënnerstëtzung! Genau esou wéi dat schon säit Wochen den Fall ass!
 
Duerfir kommt och dësen Sonndeg (24.04.2022) um 16h00 op den Terrain op Lorentzweiler eis Ekipp géint Housen ënnerstëtzen.
 
An do steet jo och nach eng kleng Revanche un...
 
Een groussen Merci geet un den Billy Kremer, deen den Ballon de match sponsort!