CHAMPIONNAT SENIORS DIVISION 1


25 February 2022

Salut Alleguer,

Endlëch nees een Heem-Mätch! An dat schon muer um Samschdeg Owend!

No der onnéideger Nidderlag vum leschten Sonndeg zu Mertzëg, heescht et elo fir eis Ekipp nees eppes gutt ze maachen!

An dëst ass schon muer (26.02.2022) méiglech wann eis Ekipp um 18h00 doheem géint Béiwen spillt! Do sinn dräi Punkten Pflicht fir weiderhinn uewen bäi ze spillen!

Duerfir kommt muer alleguer eis Ekipp ënnerstëtzen fir datt déi dräi Punkten zu Lorentzweiler bleiwen!

Merci villmols un den Sacha Mersch als Sponsor vum Ballon de match!