CHAMPIONNAT, SENIORS DIVISION 1


26 November 2021

Salut Alleguer,
 
No der schlechter Leeschtung vum lechten Sonndeg zu Housen, heescht et elo an deenen 3 Mätcher, déi 2021 nach ze spillen bleiwen, den Maximum un Punkten ze huelen!
 
Am Beschten schon dësen Sonndeg (28.11.2021), wann eis Ekipp um 16h00 doheem géint den Äischdall spillt.
 
Kommt duerfir alleguer dësen Sonndeg eis Ekipp ënnerstëtzen fir datt mir an der Tabell uewen dabäi bleiwen.
 
Merci villmols un d‘Mireille Flick-Peffer fir den Sponsoring vum Ballon de Match!