CHAMPIONNAT, SENIORS DIVISION 1


25 September 2021

Dësen Sonndeg (26.09.2021) spillt eis éischt Ekipp hieren nächsten Mätch um 16h00 zu Kielen.

No engem 1-1 an der Woch doheem géint Bastenduerf heescht et elo nees 3 Punkten ze kréien fir an der Tabell uewen drun ze bleiwen.

Dëst wäert awer net esou einfach ginn well d‘Mätcher vum FCL zu Kielen ëmmer zimlech ‚speziell‘ sinn an den Trainer-Wiessel vun Kielen an der Woch mëcht déi Saach och net méi einfach.

Duerfir kommt den Sonndeg alleguer eis Ekipp op Kielen ënnerstëtzen!