CHAMPIONNAT SENIORS DIVISION 1 + CHALLENGE JOS THEIS
06 May 2022
Déi nächst Deeg ass bei eis op den Terrain’en zu Lorentzweiler nees eng méi lass!
Dësen Sonndeg (08.05.2022) spillt eis éischt Ekipp um 16h00 géint Ierpeldéng.
Et ass nees eng Finale fir eis Ekipp ëm den Opstieg an d‘Éirepromotioun, duerfir kommt och dësen Sonndeg alleguer eis Ekipp ënnerstëtzen!
Fir datt den Support nach méi grouss ass an als Geste fir den leschten Heem-Mätch am Championnat ass den Entrée fir d‘Elteren vunn eisen Jugend-Spiller gratis!
Een groussen Merci geet un den Claude Wolff als Sponsor vum Ballon de match!
Den Dag drop (09.05.2022) ass zwar een Méindeg, mä vu datt do den Europadag ass an domadder een Feierdag, hunn mir deen Dag eisen traditionnellen Jugend-Tournoi, den „Challenge Jos Theis“ matt 40 Ekippen an den Kategorien Bambinis, Pupilles, Poussins an Minimes!
Den Tournoi geet vunn 09h30 bis 17h30 an fir Iessen an Gedrënks ass Beschtens gesuergt, duerfir loosst Iech dat net ëntgoen an kommt eis Jugend ënnerstëtzen!
Weider Informatioune fannt dir an der Rubrik Jugend – Challenge Jos Theis
2022_bambinis.pdf
2022_pupilles.pdf
2022_poussins.pdf
2022_minimes.pdf
reglement officiel du tournoi challenge jos theis.pdf