Brochure FCL - Saison 2017/2018


29 August 2017

No engem erfollegräichen Weekend mat 2 Victoiren zum Optakt vum Championnat vun de Seniors I (4-1 zu Mäertzeg) an de Seniors II (6-1 géint Brouch) steet e Sonnden um 16h00 géint FC 47 Bastenduerf fir 1. Equipe den eischten Heemmatch vun der Saison um Programm.



Pünktlech fir den Match huet de Comité fir déi nei Saison eng Brochure rausginn, déi bei all Heemmatch fir Zuschauer disponibel ass an och am ganzen Duerf werd ausgedeelt ginn.



An dëser Brochure fënnt een Fotoen vun all eisen Equipen, Trainingszäiten, vun der Jugend, Andréck vun eisen leschten Evenementer an Fester, d’Kaderen vun eisen 2 Seniors-Equipen, d’Datumer vun all den Matcher an zukünftegen Evenementer, an net ze vergiessen sinn och eng Partie vun eisen Sponsoren dran ze fannen.



Programm vun nexten Weekend:



Fréiden, 01. September 2017 (19h00): CADETS: Ent. Lorentzweiler/Steesel – Ent. Bissen/Brouch/Boevange (Terrain Lorentzweiler)



Fréiden, 01. September 2017 (20h00): SENIORS II : FC Olympia Christnach – FC LORENTZWEILER (Arbitre: José TAVARES)



Sonnden, 03. September 2017 (16h00): SENIORS I: FC LORENTZWEILER – FC 47 Bastendorf (Arbitres: Domikik LOSKAMP, Nick STEINMETZ, Avelino FATAL)

brochure_2017.pdf