BILAN 2021/2022

BILAN 2021/2022

Dësen Week-end ass bei den Seniors eng laang an och eng ganz emotional Saison 2021-2022 zu Enn gaangen an duerfir kucken mir op dëser Platz eemol op déi lescht Méint zeréck :
 
Eis Seniors I hunn eng richteg gutt Saison gespillt (69 Punkten, sou vill wéi nach nie ; just dräimol verluer ; déi beschten Ofwier am Bezirk), mä wéi dir leider all wësst, ass et zum Schluss wéinst 4 Goaler  net duer gaangen fir zumindest an den Barrage ze kommen.
 
Mä trotzdeem huet sech eis Ekipp duerch hier Optrëtter um Terrain den Respekt vun villen Leit erspillt.
 
An mir wäerten och no dësem batteren Réckschlag net ophaalen, et weider ze probéieren, an mir versichen och an der nächster Saison 2022-2023 fir den Opstieg an d‘Promotioun matt ze spillen! Versprach!
 
Bei eisen Seniors II waren d‘Emotiounen den Freideg och ganz staark awer do war et am positiven Sënn! Eis Ekipp huet nämlech den Mätch zu Grevenmacher duerch een Goal an der 95ter Minutt (!!) gewonnen an ass domadder an déi zweet Classe gestiegen! 
 
Gratulatioun un eis Ekipp an un den Trainer zu deem Exploit well dat war nach nie do an 77 Joer FCL!
 
Een groussen Merci geet och an virunn allem un all eis vill Supporter, déi während der ganzer Saison eis Ekippen sou fantastesch ënnerstëtzt hunn an fir déi genial Ambiancen op den Terrainen gesuergt hunn!
 
Eisen ganzen Veräin huet sech Woch fir Woch op deenen eenzelnen Terrainen vun sénger beschter Säit gewiesen (um Terrain an ronderëm)  an iwwerall vill Respekt vun baussen duerfir kritt! Merci och duerfir! 
 
An well déi nei Saison och schon net méi esou wäit eweg ass an mir och do an der Preparatioun dorober sinn, sinn mir ganz frou fir iech eisen Trainer-Staff fir d‘Saison 2022-2023 ze presentéieren :
 
Seniors I :
 
- Chef-Trainer : Alain Thunus
- Éischten Co-Trainer : Patrick Neves
- Zweeten Co-Trainer : Tim Wiltgen
- Goal-Keeper-Trainer : Marvin Eisenmenger
 
Een groussen Merci geet op dëser Platz och un den Pasquale Antonicelli, deen eis no fënnef Joer verléisst.
 
Merci Celli fir deng Aarbescht! 
 
Seniors II :
 
- Chef-Trainer : Rico Ferreira Dos Santos Campanha
 
Iwwert déi eenzel Transferten bei den Seniors wäerten mir Iech an der nächster Zäit um Laafenden haalen. 
 
Merci fir Äer Ënnerstëtzung an bleiwt eis trei!
 
Eemol orange-blo, ëmmer orange-blo