6-0 Victoire au 1ier Tour de la Coupe de Luxembourg à Boevange

US Boevange - FC Lorentzweiler Foto vun Joe TURMES



05 September 2016

An engem eenseitegen Match gewënnt den FC Lorentzweiler och an der Heicht verdengt mat 6-0 zu Beiwen, dei op ganzer Linn enttäuscht hunn.



Schon no 6min. hätt den Johny Pintar no engem Centre vum Dan Lopes missten den 1-0 markéieren.



2min. drop ass Beiwen no engem Corner an engem Gewulls dei eenzeg Keier an der 1. Halschent geféierlech gin.



Direkt am Geigenzug huet den Zarko Lukic no engem laangen Ball vum Sacha Maes zum 1-0 rangesaat (9').



An der 13. Min. ass den Johny Pintar aleng op de Goal gelaaf, mee ass awer um Goalkeep hänken bliwwen.



E scheinen Freistouss vum Nelson Morgado ass just op Laat gaang (24') an kuerz drop sin mir eng weider Keier aleng op de Goal gelaaf, mee och den Remy Sanches konnt de Ball net am Goal ënnerbrengen (27').



Duerno hunn mir den Tempo bessen rausgeholl, éier den Zarko Lukic kuerz firun der Paus fir de wichtegen 2-0 gesuergt huet (42').



No der Paus haaten mir dei 10 éischt Minuten bessen Problemer, an Beiwen ass fir kuerz Zäit rem besser an de Mätch komm, ouni awer richteg geféierlech ze gin.



An der 57. Minutt konnt den Zarko Lukic awer no engem Centre vum Dany Goncalves mat sengem 3. Goal vun dësem Daag (5 Goaler an 2 Mätcher) fir eng Virentscheedung suergen.



An der 66. Minutt huet den Johny Pintar mat lenks op 4-0 erheicht.



Den Dan Lopes huet an der 77. Minutt en Elefmeter rausgeholl, mee de Goalkeep konnt sein onplazeierten Schoss ofwieren.



No schéiner Viraarbescht vum Dan Lopes huet den Dany Goncalves den 5-0 geschoss (84') an de Johny Pintar huet fir de Schlusspunkt gesuergt, no Viraarbescht vum Ricardo Lopes (87').



E Sonnden geet et weider mam 2. Championnatsmatch um 16h00 zu Maerzeg, dei hir 2 eischt offiziell Mätcher des Saison verluer hun (2-3 geint Preizerdall/Reiden am Championnat an 1-3 geint Medernach an der Coupe).

Woubei mir lescht Saison 3-1 auswärts zu Maertzeg verluer haaten...



Den nexten Tour vun der Coupe de Luxembourg get en Donneschden ausgeloust an den 18. September 2016 gespillt, wou dann och neierdengs Equipen aus der National- an Eierenpromotioun agréifen.





US Boevange/Attert - FC LORENTZWEILER 0-6 (0-2)



Equipe FC Lorentzweiler:



Kevin JUNGBLUTH, Ricardo LOPES RIBEIRO, Ben FUNCK, Sacha MAES (C), Patrick NEVES; Nelson MORGADO, Remy SANCHES (54' Asim ALOMEROVIC), Johny PINTAR, Gilles FABER (54' Dany GONCALVES), Dan LOPES; Zarko LUKIC (67' Alain THUNUS)



Net am Asaatz: Christophe DIEDERICH, Fabiano SPINELLI



Goaler: 0-1 (9’, Zarko LUKIC), 0-2 (42’ Zarko LUKIC), 0-3 (57‘, Zarko LUKIC), 0-4 (66‘, Johny PINTAR), 0-5 (84, Dany GONCALVES), 0-6 (87' Johny PINTAR)



Giel Kaart: Alain THUNUS



Arbiteren: MORAIS Ricardo, ANDRE Serge, RODRIGUES Orlando José