E Weekend mat Mullen a lëtzebuerger Kascht
Samschdes Owes, den 16. September 2023 an Sonndes Mëttes, den 17. September 2023 organiséieren mir nees eisen traditionellen Weekend mat Mullen an Lëtzebuerger Kascht.
Mir bidden un:
• Apéro Samschdes ab 19h00 an Sonndes ab 11h00
• Mullen au Riesling mat Fritten
• Mullen à la Crème mat Fritten
• Mullen All Ernesto (sauce tomates piquantes au coriandre) mat Fritten
• Judd mat Gaardebounen a gegréifte Gromperen (just Sonndes)
• Ham, Fritten an Zalot
• Bouchée à la Reine mat Fritten an Zalot
• Kannermenu (kleng Bouchée à la Reine mat Fritten)
• Kaffi, Taart an Kuch
• Flott Tombola déi zwee Deeg
Sollt Dir een oder souguer déi zwee Deeg Loscht an Zäit hunn, dann wieren mir frou wann Dir géift bei eis an den Centre Culturel op Hielem laanscht kommen.
Mir garantéieren wéi all Joers ee gudden Maufel an e sëffegen Patt.
Umeldungen w.e.g. bis spéitstens Mëttwochs, den 13. September 2023 per Forms:
oder beim Billy KREMER um Telefon 691 629 276 respektiv per Mail ënnert
fclorent@pt.lu.
Mir wären frou Iech de Weekend vum 16ten/17ten September 2023 ze gesinn.