US Rumelange - FC Lorentzweiler 1-1


09 April 2024

Beim Ofsteiger US Rumelange konnt eis 1.Equipe gëschter ee wichtegen Auswärtspunkt huelen.
 
An engem ausgeglachenen Match mat Chancen op beiden Säiten war et um Enn e relativ gerechten 1-1 (1-1).
 
Well eis direkt Konkurrenten och alleguer gläich gespillt hunn, bléiwt d'Tabell no 23 Matcher onverännert an weiderhinn ganz spannend.
 
Nächsten Sonnden um 16h00 geet et weider mat engem Heemmatch géint den Tabellensechsten FC Mamer 32
 
Eis 2. Equipe wënnt den zweeten Match hannerteneen, dës Kéier mat 4-1 (2-0) doheem géint U.N. Käerjeng '97.