Merci


31 March 2024

Nieft dem sportlechen Erfolleg hate mir awer och nach eent vun eise gréissten Eventer vum ganze Joer Gëschter op Karfreideg, d'Fësch-Fest.
 
En Total vun 350 Fësch si verkaf ginn. Mir hate wéi ëmmer 3 Optiounen, am Centre iessen, Take-Away oder sech et liwwere loossen.
 
En enorme Merci geet un all d'Leit déi Gëschter e Fësch bei eis bestallt oder reservéiert hunn am Centre.
 
An nach méi e grousse Merci geet un eis Benevollen, déi am Service, an der Kichen, an der Spull, hannert dem Bar, bei de Preparatiounen ... eis gehollef hunn. Et war wéi ëmmer e Genoss mat iech ze schaffen an ouni déi Hëllef kéint den FCL keen esou e Fest ofhalen.
 
Allez FCL