Etzella - FC Lorentzweiler 0-2


31 March 2024

No dräi zum Deel batteren Néierlagen hannerteneen gouf et gëschter Owend um 22. Spilldag fir eisen FCL durch Goaler vum Raphael De Sousa (65') an Hamza Es Sakaf (71') eng verdengten 2-0 Victoire zu FC Etzella Ettelbruck
 
Eis Equippe huet op engem schwéier bespillbarem Terrain eng taktesch a virun allem kämpferësch staark Leeschtung gebueden an domat dei 2te Kéier dës Saison zu null gespillt.
 
Weider geet et Sonndes, den 7. Abrëll mat engem weideren Auswärtsmatch beim Tabellen-3. zu US Rumelange.
 
Noreechen wëllen mir nach d'Foto vum Balle de match leschten Sonnden géint Kanech (0-1). Merci dem Lucien Weyerich fir säin Geste.
 
Merci Sportspics VP pour les belles photos de hier soir:
https://www.facebook.com/share/p/m9S9eoQgXJVFoYvT/