FC Lorentzweiler- SC Bettembourg 2-3


11 March 2024

Fir de Kont vum 19. Spilldag huet den FCL de Mëtten mat 2-3 (2-0) géint den Tabellenleader Sporting Club Bettembourg de Kierzeren gezunn.
 
An dat trotz enger 2-0 Féierung duerch en Elefmeter vum Khalid ABI (15') an engem flotten Wäitschoss duerch den Daniel LOPES (43').
 
Mat den Halbeitpfëff huet Bettembourg den Uschloss geschoss (45').
 
An der 2. Halschent hunn déi ganz stabil Gäscht de Match ëmmer méi an d'Hand geholl an eis Equipe ëmmer méi no hannen gedréckt.
 
Et ass dem Tabelléischten doropshin gelongen de Match komplett ze dréinen an wéinst der 2. Halschent net ganz onverdengt déi 3 Punkten mat heem ze huelen.
 
Domat bléiwt eisen FCL op der 10. Plaatz stoen, mat weiderhin engem Punkt Virsprong op d'Barrageplatz.
 
Nächsten Sonnden (17.03.2024) geet et um 16h00 weider mat engem ganz wichtegen Auswärtsmatch zu CS Gréiwemaacher
 
De Match vun haut gouf iech präsentéiert vum Garage Thommes Mersch
 
De Garage Thommes um Mierscherbierg ass méi wei just een einfachen Revendeur vun de Marquen RENAULT an DACIA. 
 
Sidd dir un enger gudder Occasioun oder un engem neien Auto interesséiert? 
 
Dann ass den Garage Thommes vun Miersch ären richtegen Uspriechpartner.
 
Méi Informatiounen fannt Dir op hirem Internetsite LINK oder per Telefon um 2632391-1. 
 
De Balle de match gouf gestëft vum Claudio BATANI
 
Hinnen e grousse Merci