FC Résidence Walfer - FC Lorentzweiler 2-2


04 March 2024

An engem spannenden an intensiven Match trennen sech @fcresidencewalferdange FC Résidence Walfer 1908 an den FCL gëschter Mëtten fir de Kont vum 18. Spilldag mat 2-2 (2-2).
 
No enger ausgeglachener Ufanksphase ass d'Lokalequipe besser an de Match komm an ass Mëtt vun der 1. Halschent mat 2-0 a Féierung gaang. 
 
Eis Equipe huet de Kapp awer net hänken gelooss an konnt nach virun der Paus duerch Goaler vum Hamza Es Sakaf an Andrea Moro op 2-2 stellen.
 
No der Paus war de Match weiderhin ausgeglach, mat puer Chancen op beiden Säiten.
 
Zum Schluss huet d'Heemequipe awer nach eemol op den 3-2 gedréckt, mee eisen Goalkeeper Aaditya Pattabiraman huet mat puer gudden Paraden de Punkt schlussentlech festgehal.
 
Domat seet eis 1. Equipe mat 23 Punkten op der 10. Platz, direkt hannert den Opsteiger FC Avenir Beggen, @fckoeppchenwormer FC Koeppchen Wormeldange an Walfer, an engem Punkt Virsprong op d'Barrageplatz.
 
Nächsten Sonnden geet et weider mat engem Heemmatch géint den Tabellenleader @sc.bettembourg.
 
Eis 2. Equipe huet e Freiden mat enger 8-0 (2-0) Victoire doheem geint F91 Diddeleng @f91_diddeleng een Ausrufezeichen gesaat an sech, op mannst provisoresch, op dei 6. Tabellenplatz verbessert