Transfers - Préparation - Après Ski 2017

Almin BABACIC & Fränkie QUERE



02 February 2017

Wei vill aner Veräiner hei am Land war den FC Lorentzweiler an der Wanterpaus och aktiv, an huet sech mat 2 neien an erfahrenen Spiller verstäerkt.



Vum BGL-Liguist US Mondorf kënnt den Almin BABACIC (16/01/1984) fir de Rescht vun der Saison op Lorentzweiler an kann eis defensiv mat senger Erfahrung vun villen Matcher an der Nationaldivision beim Racing, der Jeunesse Esch an als Kapitän zu Mondorf sécher weiderhëllefen.



Aus Frankreich kënnt den Fränkie QUERE (25/02/1980), den seng Stäerken virun allem offensiv huet an 2012 och schonn hei am Land fir Jeunesse Esch aktiv war.



Mir heeschen béid Spiller wëllkomm an wënschen hinnen an der ganzer Équipe vill Erfolleg fir Réckronn, déi den 05. Mäerz 2017 rëm mam Championnatsmatch doheem géint Mäertzeg ufänkt.



Virdrun stinn nach folgend Préparatiouns-Matcher um Programm:



- Samedi, 04/02/2017 (17h00): US Hostert - FCL 3-0 (3-0

- Mardi, 07/02/2017 (19h45): Koerich/Simmern - FCL 0-3 (0-3)

- Samedi, 11/02/2017 (17h00): Yellow/Boys Weiler - FCL 4-4 (3-2)

- Mercredi, 15/02/2017 (19h30): FCL - US Feulen 2-2 (2-0)

- Mardi, 21/02/2017 (20h00): Red/Black Paffendall - FCL

- Samedi, 25/02/2017 (17h00): FCL - Berdenia Berbourg

- Mardi, 28/02/2017 (19h30): Blo/Wäiss Itzig - FCL



Och eis 2. Equipe fänkt muer rëm mat Training um Terrain un an huet 2 Frëndschaftsmatcher:



- Samedi, 18/02/2017 (18h00): FCL II - Una Strassen III 1-4 (1-2)

- Vendredi, 24/02/2017 (19h30): FCL II - Red Star Merl II



Last but not least erënneren mir nach eemol un eis Après-Ski Party, e Samsden, den 11. Februar 2017 ab 21h00 am Centre Culturel zu Hielem, mam DJ AL an Axel FISCHER.



https://www.facebook.com/events/1657718131195090??ti=ia

Flyer A5 Après Ski Party 2017 version 2.pdf