Marisca Mersch - FC LORENTZWEILER 2-4 (2-3)

Foto vun Fupa



04 October 2016

Marisca Mersch - FC Lorentzweiler 2-4 (2-3)



Zum Schlusspunkt vum 5. Spilldaag an der 1. Divisioun, 1. Bezirk huet den FC Lorentzweiler am Derby mat 2-4 (2-3) zu Miersch gewonn an reckelt an der Tabell op dei 3. Plaatz.



An enger spekatulärer 1. Halschent waren mir no 10min. seier 2-0 fir ier mir de Fuedem bessen verluer hunn an Miersch no enger gudder halwer Stonn rem konnt op 2-2 ausgleichen.



Quasi am Geigenzuch huet eis de Johny PINTAR mat enger scheiner Eenzelleschtung rem an Feierung bruecht.



No der Paus hun sech beid Equipen neutraliseiert an et ass länger Zäit net vill geschitt.

Zum Schluss ass et rem hin an hir gaang an den Johny PINTAR konnt 2 Min. firun Schluss no enger Konter fir Entscheedung suergen.



Eng wichteg Victoire geint eng spilleresch an technesch staark Equipe vun Miersch.



E Sonnden um 16h00 kent et zu Lorentzweiler geint Steesel zum nexten wichtegen Derby!



Championnat, 5ième journée, Division 1, Série 1: Marisca Mersch - FC LORENTZWEILER 2-4 (2-3)



Goaler : 0-1 Johny PINTAR (6', Dan LOPES), 0-2 Dan LOPES (10'), 1-2 Mendes (22'), 2-2 Madeira (31'), 2-3 Johny PINTAR (33', Dany GONCALVES), 2-4 Johny PINTAR (88')



Giel Kaart: Remy SANCHES (86')



Equipe FC Lorentzweiler:



Christophe DIEDERICH, Remy SANCHES, Asim ALOMEROVIC, Sacha MAES (C), Patrick NEVES, Nelson MORGADO (20' Lazar COKA), Fabiano SPINELLI, Riccardo CENTRONE (76' Alain THUNUS), Dan LOPES, Johny PINTAR, Dany GONCALVES (89' Cédric STROBEL)



Réserve: Lex LEESCH, Gilles FABER



Arbiteren:

REISCH Chris

ANNESE Gianni

RAMALHO José