FCL-Résidence Walfer 4-2 (3-1)

RTL.lu Foto vun RTL.lu



29 August 2016

Um 1. Spilldaag vun der neier Saison gewënnt den FC Lorentzweiler am Derby verdéngt mat 4-2 géint eisen Noper vun Walfer.



Vun Ufank un huet een gesinn, dass mir den Match an Hand wollten huelen an sinn schonn no 11 Minuten no enger schéiner Kombinatioun a Féierung gaang.



Kuerz drop sollt Walfer awer mat hirer éischter Goalchance den Ausgläich geléngen (15‘), an puer Minuten méi spéit hunn sie souguer een 2ten Goal geschoss, den awer wéinst Abseits net gezielt huet.



Mir hunn bëssen gebraucht fir eis vun dem Schock ze erhuelen an sinn no 30 Minuten rem besser an de Mätch komm. Et huet awer bis kuerz firun der Paus gedauert bis mir duerch 2 Goaler mat engem 3-1 Virsprong an Paus gaang sinn.



Direkt no der Paus wollten mir den Saack zouman waat eis dunn mam 2. Goal vum Zarko Lukic an der 61. Minutt gelongen ass.



Duerno haten mir nach eng Partie Chancen, déi awer net konnten genotzt ginn, mee mir hunn Walfer awer duerch Onkonzentréiertheeten déi eng oder aaner Chance zougelooss.



Kuerz virun Schluss ass et Walfer nach gelongen, hiren 2. Goal mat engem schéinen Lob ze markéieren soudass et mat enger 4-2 Victoire op en Enn gaangen ass.



Nexten R-V ass e Sonnden, den 4. September am 1. Tour vun der Coupe de Luxembourg zu Béiwen (16h00), eng Equipe aus der 2. Divisioun, die lescht Joer de Barragemätch fir den Opstieg knapp verpasst haat.



Um 2. Spilldaag vum Championnat spillen mir Sonndes, den 11. September um 16h00 zu Mäerzeg.





FC LORENTZWEILER – Résidence Walferdange 4-2 (3-1)



Equipe FC Lorentzweiler:



Kevin JUNGBLUTH, Ricardo LOPES RIBEIRO, Ben FUNCK, Sacha MAES (C), Patrick NEVES; Fabiano SPINELLI, Asim ALOMEROVIC, Johny PINTAR (67’ Gilles FABER), Dany GONCALVES (69’ Lex LEESCH), Dan LOPES; Zarko LUKIC (71’ Remy SANCHES)



Net am Asaatz: Ricardo CENTRONE, Alain THUNUS



Goaler: 1-0 (11’, Zarko LUKIC), 1-1 (15’), 2-1 (41‘, Asim ALOMEROVIC), 3-1 (44‘, Dan LOPES), 4-1 (61’, Zarko LUKIC), 4-2 (88’)



Giel Kaart: Patrick NEVES



Arbiteren: Ajdinovic Sarkis, Becker Sam, Coelho Morim Rafael