Weiler - FC Lorentzweiler 1-0


22 April 2024

An engem Match tëscht 2 schwaachen Equippen hat d'Heemequipe vun FC Yellow Boys Weiler de Mëtten méi Réussite an huet sech um Enn e bëssen glëcklech mat 1-0 (1-0) duerchgesat.
 
Domat rutscht den FCL no 25 Matcher déi éischte Keier op eng direkt Ofstiegsplatz.
 
Nächsten Sonnden kënnt et zu engem Heemmatch geint FC Avenir Beggen, wou et rëm Zäit get fir 3 Punkten ze huelen.